home | | contact | références | recommend

Discothéiken a Klibb


An dësem Beräich sinn emfaassend Szenekenntnisser, besonneg Kommunikatiounsformen a physesch Duerchsetzungsfähegkeete néideg.
Nierwt dësen Eegeschaften zeechne mir eis duerch ee besonnegen Emgang mat de Gäscht aus. Hei sin och Gäscht mat abegraff, die duerch onangenehmt Verhalen opfalen. Bei dëse Gäscht gin a Grenzfäll Techniken agesat, die fir wéineg Onrou a fir eng schnell Entspaanung vun der Konfliktsituation suergen.

Objektschutz


Fir de Client erstelle mir ee no sengem Bedarf orientéiert Konzept. Dat beinhalt d’Ëmsetzung vun deenen entscheedene Phase vum Objektschutz wi Fréierkennung, Präventioun an Deeskalatioun. Hei maachen sech besonneg die hervirragend Uertskenntnisser sou wi och die qualifizéiert Ausbildung vun eise Mataarbechter bezuelt.





Event- oder Veranstaltungsschutz


D’Erausfuerderung vun enger gutt organiséierter Veranstaltung läit ënnert anerem am Bestriewen, een héchstméiglecht Sëcherheetsrisiko mat wéineg Sëcherheetspersonal bidden ze kënnen. Schliesslech steet dem Client een ugemiessene Präis fir seng Sëcherheet zou. Fir dëst ze garantéieren erstelle mir no enger déifgräifender Analys vun den örtleche Verhältnisser an enger entsprichender Geforenaschätzung ee Sëcherheetskonzept, dat mat de bedeelegte Behörden besprach gëtt.

City Sträif / Sträifendengscht


Opgrond vu knappe polizeileche Personalressource kënne Konflikter nët ëmmer direkt an effektiv geléist gin. Duerch direkt Kommunikatiounsweeër mat der Asaatzzentral an der entspriechender Koordinatioun droe mir zu enger Entlaaschtung vun dësem Emstand bäi. Doduerch si mir a kuerzer Zäit op der Plaatz a kënne Problemer anhand vun eisen Erfahrungen an der Ëmsetzung mat ugemiessene Léisunge schnell klären.





Privatermëttler, Detektiven an Supermarchésdetektiv


Geziilte Beobachtungen an Ermëttlunge sin d’Grondlag vum Erfolleg vun eisen Detektiven a féieren iech zu äerem ugestriewtnen Zil.
Dateschutz, Diskretioun an Diskretioun zum Schutz vun eisen Opdraggeber sti fir eis an éischter Stell.
Ob et sech dorëms ëm Ermettlungen am Aarbechts-, Vertrags- oder Wettbewerbsrecht handelt, Scholdnerermëttlung, Déifstal, Keesen an Inventäir- Differenzen, eis geschoulte Mataabechter leeschten een onschätzbare Bäitrag zu geriichtsverwertbarer Beweislag.
Mataarbechterobservatioun sougenannt Krankeschäinsiwwerpréiwung (Käschten dréit den Aarbechtsnehmer bei Iwwerféierung), Zesummenaarbecht mat der Konkurrenz oder soss betribsintern Virfäll gin duerch eis Detektiven ermëttelt an dokumenteiert fir eng vollstänneg Beweisféierung.
A private Beräicher Stalking-Affer, Friemgoën an Ehebroch, Zeiesich oder Erhale vun onberechtegten Ënnerhaltsbäitreeg, Adressermëttlung, Persounerecherche oder Vandalismus sin nëmmen e puer Beräicher an deenen eis Ermëttler mat Erfolleg täteg sin.

Hausiwwerwaachung


Hausiwwerwaachung bedeit eng ëmfaassend Dengschtleeschtung: Bewaachung vun Haiser a Wunnenge wou d’Besëtzer z.B. duerch privat- Geschäftsreesen oder Spidolsopenhalter zäitweileg net do sin.
Sëcherheet, Kontroll, Viersuerg a Schutz virun Abrech si nëmmen e puer Virdeeler déi dir duerch d’Hausiwwerwaacher kritt. Op Wonsch gëtt och ee 24 Stonne Service ugebueden. (Betreiung duerch Bewunnen)
D’Leeschtunge gin individuell no de Wënsch vum Client ermëttelt an an enger Lëscht festgehal. Waat ass wou ze maachen?
De Service ka folgend Leeschtungen enthalen, woubäi mir bei engem Clientswonsch eise Leeschtungsspektrum upassen.

  • Suergfälteg Kontroll a Pfleeg vun ärem Haus
  • Pfleeg vun alle Planzen am Haus a Gaart
  • Schwemm a Weieriwwerwaachung
  • Grafpfleeg
  • Dreckskëscht, giel Säck and aner Offallservicer
  • Ënnerstëtzung bei privaten a geschäftlechen Aluedungen
  • Post an Zeitungsservice
  • Akaf virun äerem Retour
  • Büroservice fir Businessleit
  • Rotschléi rond em d’Haus a Gaart
  • Betreiung vu Familjememberen
  • Pfleeg vun äeren Hausdéieren
  • Findel- an Garetransferten

D’Opwendungen vun den Hausiwwerwaacher kënnen als haushaltsno Dengschtleeschtungen ab dem 1. Januar 2009 mat 20% vun den Opwendungen bis maximal 4000 Euro pro Joer vun der Steierschold ofgezu gin.

Persouneschutz


Ass d’Gewährleeschtung vun der perséinlechter Sëcherheet vun enger schutzbedürfteger Persoun géint Ugrëffer wie z.B. Entféierung, Attentat oder soss aner Bedrohungen duerch aner Persounen.
Ee professionnelle Persouneschutz kann nëmmen no enger genauer Planung verwierklecht gin, an ënnerscheed sech ëmmer no Clientswonsch respectiv -demande. Mir ënnerbreeden iech gäeren een op iech zougeschniddent Konzept no engem perséinleche Gespréich.